D’LCGB-Sektioun Rëmeleng war den 29. Juni 2013 mat dem LCGB-Info-Stand op der Rëmelenger Braderie präsent.
De Stand konnt sech iwwert groussen Zoulaf freeën. Et sinn iwwer 300 Tute mat Informatiounsmaterial, Kapen a Bicer verdeelt ginn a géint den Duuscht ass och eppes ënnerholl ginn.
Vill Leit hunn sech iwwer de LCGB a seng Aktivitéiten informéiert, an och Problemer aus dem Beruffsliewe konnten entgéint geholl ginn.
Een häerzleche Merci un all déi Leit, déi deen Dag gehollef hunn.