
Den 17. Mäerz 2018, waren eng 50 Memberen zesumme komm fir d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Mondorf/Altwies. Den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL huet ee Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Theme gehalen an déi uwiesend Memberen op d‘1. Mee Feier vum LCGB invitéiert, déi dëst Joer nees zu Réimech stattfënnt.