Quantcast
Channel: LCGB – Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond
Viewing all articles
Browse latest Browse all 5010

Fête du 1er mai du LCGB

$
0
0

Cette année, le LCGB a organisé sa fête du 1er mai, la journée internationale des travailleurs, à Remich. Patrick DURY, Président national du LCGB, a évoqué la situation actuelle au Luxembourg et en Europe à l’occasion de son discours traditionnel. Le LCGB revendique un clair changement de direction afin de promouvoir l’égalité sociale nécessaire pour freiner le développement du populisme et de la dépolitisation des citoyens européens.

La suite de cette journée festive s’est déroulée de façon conviviale avec de l’animation pour petits et grands. « On a réorganisé notre fête du 1er mai à l’aide d’idées modernes », a souligné Francis LOMEL, secrétaire général du LCGB. « La fête du 1er mai ne doit plus être une simple fête politique, mais doit amener les gens à se rencontrer et passer un agréable moment ensemble ».

De nombreux intéressés ont participé à cette nouvelle initiative et ont pu se réjouir des spectacles des différents artistes, dont entre autres les « ZaubertriXXer », la Moselle Valley Brass Band et le musicien José Borgas.

 

chr_4876_web img_5640_web chr_4788_web chr_4772_web dsc00293_web dsc00299_web img_5682_web img_5617_web img_5641_web chr_4708 chr_4715 chr_4720 chr_4722 chr_4724 chr_4740 img_5484 img_5492 img_5501 img_5515 img_5520 img_5537 img_5546 img_5555 img_5557 img_5559 chr_4729 img_5566 chr_4705

 

Ried vum LCGB-Nationalpresident Patrick DURY:

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Erlaabt mir Iech alleguerte ganz häerzlech op eiser 1. Mee-Manifestatioun hei zu Réimech ze begréissen.

En häerzleche Merci un d’Membere vum Organisatiounscomité fir déi vill Aarbecht, déi sinn hei am Kader vun der 1. Mee-Manifestatioun geleescht hunn.

E grousse Merci och un d’Gemengenautoritéiten, den Schäfferot vun der Gemeng Réimech, de Service Technique, d‘Police an d‘Protection Civil.

Kolleginnen a Kollegen,

Dësen 1. Mee fënnt ënnert enger neier Form statt.

Mir feieren haut hei zesummen zu Réimech den Dag vun der Aarbecht, eist Fest, a mir feieren zesumme mat eise Frënn a Famillen.

Kolleginnen a Kollegen,

Ënn Mäerz huet d’Europäesch Unioun hier 60 Joer gefeiert, 60 Joer zanter den Traité vu Roum ënnerschriwwe ginn ass, deen 1993 duerch d’Europäesch Communautéit an schlussendlech 2009 duerch d’Europäesch Unioun fortgefouert ginn ass.

Nom zweete Weltkrich hunn déi deemoleg politesch Responsabel en Wee virgezeechent an ugefaangen, deen en éischten Héichpunkt mat dem Traité vu Roum kannt huet.

Dës europäesch Konstruktioun huet een enorme Succès kannt, an ass de Garant vun enger ekonomescher Entwécklung a vun engem friddleche Mateneen an Europa, op engem Kontinent, dee bis dato vu Kricher a Misär zerrappt ginn ass.

An trotz allem ass de Bilan vun der Europäescher Unioun haut mitigéiert!

Ouni Zweiwel si Fridden, ekonomesche Wuelstand an d’Grondfräiheeten an Europa staark weiderentwéckelt ginn.

 

Allerdéngs stéisst den europäesche Gedanke bei ëmmer méi Bierger an Europa op Ofleenung.

Europa begeeschtert net méi, huet keng Dynamik méi bei de Bierger an d’lescht Joer huet Groussbritannien per Referendum decidéiert, aus der EU auszetrieden.

Un dëser Evolutioun ass net Europa schold. Schold ass reng an eleng d’Politik, déi déi eenzel Memberlänner zu Bréissel promouvéiert hunn.

Eng Politik déi op der enger Säit Barrière opgemaach an eng staark ekonomesch Entwécklung weidergedriwwen huet.

Op der anerer Säit ass dat soziaalt Europa op der Streck bliwwen.

Als Beispill siewen hei genannt déi éischt Direktiven iwwert den Detachement des Travailleurs, déi den Acquis Social an deenen eenzele Länner direkt a Fro gestallt hunn andeems se d’Situatioun vun de Salariéen an engem Land an direkt Competitioun mat der Situatioun vun de Salariéen aus engem anere Land gesat hunn a fir eng Verschlechterung gesuergt hunn.

Dozou kënnt eng Globalisatioun ouni Leitplanke wou déi negativ Auswierkungen op d’Salariéë bis haut net konnten opgefaange ginn a wou de Refus vun de Memberlänner fir en europäesche Sozialprotokoll also europäesch sozial Mindeststandarden anzeféiere schlëmm Auswierkungen huet.

Ausserdeem hunn a vill ze ville Memberlänner déi politesch Responsabel all Kredibilitéit verspillt, ënner anerem doduerch dass si systematesch „Bréissel“ fir hir eegen Onverméigen oder Versoe responsabel gemaach hunn.

De Populismus konnt an Europa an dësem Klima grouss ginn an d’Konsequenzen erliewe mir all Dag mat.

Kolleginnen a Kollegen,

Europa duerf net de Populisten iwwerlooss ginn!

D’Europäesch Unioun ass vill ze vill wichteg. Si ass déi eenzeg Garantie fir datt och déi kommend Generatioune friddlech a fräi kënnen zesummen an engem vereenten Europa liewen.

Dofir ass et eis Flicht, fir en soziaalt a fräit Europa ouni Grenzen anzetrieden.

De LCGB fuerdert dofir en Europa mat staarke soziale Standarden.

Een Europa wat fir Prosperitéit an ekonomesch Weiderentwécklung an d‘sozial Ofsécherung vun all senge Bierger suergt.

Dëst ass net nëmmen néideg fir e friddlecht Mateneen an Europa ofzesécheren, et ass och néideg fir Europa an enger globaliséierter Welt ze positionéieren.

Kolleginnen a Kollegen,

Lëtzebuerg ass ee Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun an eist Land huet sech ëmmer staark fir eng weider politesch Integratioun an Europa agesat an esouguer begeeschtert.

Den ekonomesche Wuelstand vun eisem Land fousst och op dem Prinzip vun der Libre Circulation vun de Produit’en, Servicer a Mënschen an dësem, eisem Europa.

Lëtzebuerg ass scho laang en Immigratiounsland ginn, och eis kulturell Villfalt ass ee wichtegt Element net nëmmen an eisem Zesummeliewen, mee och an grad wann et drëms geet, eist Land weider ze entwéckelen.

Lëtzebuerg ass zanter der Kreatioun vun der europäescher Wirtschaftsgemeinschaft zu enger méi oppener Gesellschaft ginn.

Den LCGB fuerdert dofir, datt d’Politik an dësem Land nach méi integrativ gëtt.

Déi duebel Nationalitéit, d’Wahlrecht vun EU-Bierger op kommunalem Plang sinn déi richteg Schrëtt op engem Wee, deen d’Mënschen hei am Land zesumme féiere soll.

De Nationalen Zesummenhalt brauch awer als Base eng staark sozial Kohäsioun.

An dës sozial Kohäsioun gëllt fir Lëtzebuerg och iwwert seng Landesgrenzen eraus.

Eng Ekonomie, déi all Dag 50 % vun hirem Salariat importéiert, däerf dat net nëmmen zur Kenntnis huelen.

Et muss een dann och eng Politik definéieren, déi dorobber Récksiicht hëlt an evitéiert Feeler ze maachen, ewéi dat bei den Dispositioune vum Gesetz iwwert Bourse d’Etudes geschitt ass.

Dat selwecht geschitt awer elo erëm am Kader vun der Steierreform, wou bestuete Koppelen den Accès zu enger Steierklass 2 verwiert ka ginn an dat eleng doduerch, datt een als Non-Resident ënnert aanner Konditioune fält.

Den LCGB fuerdert an dësem Kontext den Respekt vun den europäesche Richtlinnen an eng strikt Gläichbehandlung vun allen Salariéen hei am Land.

Kolleginnen a Kollegen,

Lëtzebuerg ass no 2008 besser duerch d’Finanz- a Wirtschaftskris komm ewéi vill aanner Länner.

Mir hunn dat deemools gepackt, wëll déi richteg Mesuren am Kader vun der Tripartite fonnt goufen, fir nach méi ee staarkt Uwuesse vum Chômage ze verhënneren.

Mir hunn dat gepackt, well eisen Niveau un soziale Prestatiounen héich ass a war.

An d’Formel, datt a Krisenzäiten net manner sozial Ofsécherung mee eng Stäerkung vu sozialem Element néideg ass huet sech alt erëm bewisen.

Et ass dofir onverständlech, datt mir haut hei am Land no der Kris mat enger Regierungspolitik konfrontéiert sinn, déi Reformen ervirbréngt, déi eise Sozialsystem net stäerkt a net verbessert.

Mir mussen also feststellen, datt eis Sozialpolitik haut net duerch de politesche Wëllen definéiert gëtt, fir nei a besser Sozialprestatiounen anzeféieren.

Vill éischter schwätze mir vun enger Politik de Pilotage par objectif financier, also engem finanziellen Diktat, wou feststeet wat eng gewësse Prestatioun duerf kaschten.

De Schwaachpunkt an dëser Methodologie ass datt de Mënsch eben net méi am Zentrum vun den Iwwerleeunge steet.

Alleguerten déi rezent oder viséiert Reforme vun der Regierung am Beräich z.B. vum Kannergeld oder der Fleegeversécherung si staark duerch budgétaire Aspuerungen gekennzeechent.

D’Regierung huet als Zilsetzung eben net eng kohärent Entwécklung vun der Sozialpolitik mee eng kloer Evaluatioun an och Begrenzung vun de Käschten!

Dës Politik ass net am Interêt vun de Mënschen hei am Land.

Eng Fleegeversécherung, déi eleng duerch administrativ Mesuren ee Rekordbenefice an deene leschte Joren opweises huet, brauch dofir och bal keng Reform méi.

Eng Reform, déi weider dofir wäert suergen d’Käschten ze drécken an ebe just net als Objektiv huet, fir méi a besser Prestatioune fir d’Leit anzeféieren.

Déi selwecht Iwwerleeung schéngt sech dann elo och bei der Gesondheetskeess duerchgesat ze hunn.

Anescht ass et net ze erklären, datt d’Rekorder um Niveau vun de Reserven net dofir genotzt ginn fir d’Prestatiounen ze verbesseren.

Den LCGB fuerdert am Kontext vun der sozialer Sécherheet eng politesch Diskussioun hei am Land wat eis dës sozial Ofsécherung wäert ass a wéi mir se wëlle finanzéieren.

Den LCGB fuerdert am Kontext vun der Assurance Dependance eng Reform, déi den Assuréë méi Qualitéit a besser Prestatioune bréngt.

Den LCGB fuerdert nei a besser Prestatiounen am Beräich vun den Zännbehandlungen, am Beräich vun de Brëller an eng nei Approche wat Präventiv an Komplementar Medezin ugeet!

Den LCGB waart nach ëmmer op eng Léisung vun der Problematik vun der 52-Woche Krankmeldung.

Obwuel d’Regierung am Accord vum 28. November 2014 enger Léisung zougestëmmt huet an obwuel de Premier Minister d’lescht Joer sech perséinlech an deem Dossier agesat huet, ass bis dato näischt geschitt.

Den LCGB fuerdert an dësem Kontext haut kloer d’Ofschafe vun der 52-Woche Limite fir Leit, déi schwéier krank sinn, mir fuerderen domadder näischt méi an och näischt manner ewéi d’Gläichstellung mat der Fonction Publique.

Mir sinn es sat, datt de Privatsecteur an dësem Sujet, mee net nëmmen an dësem Sujet, diskriminéiert gëtt.

De Stëllstand an dësem Dossier ass eng Schan fir eist Land!

Kolleginnen a Kollegen,

Eis Regierung schéngt de Kapp an d’Gedanken ze vill an de Stären ze hunn an se vergësst doriwwer anscheinend d’Problemer, déi d’Leit, déi méi terre à terre sinn, hunn.

Mir hunn hei am Land ee staarken, ekonomesche Wuesstem, mir schafen all Joer nei Aarbechtsplazen.

An awer kréie mir de Chômage net an de Grapp a verbleiwe par Rapport zu eise grondleeënden Donnée op vill ze vill engem héijen Niveau.

De Laangzäitchômage hëlt awer vu Joer zu Joer méi staark zou.

De Chômage vu jonke Leit an och vu villen eelere Salariéen ass dobäi ganz kloer struktureller Natur.

Den LCGB fuerdert an dësem Kontext eng grondleeënd nei Approche, wat Bekämpfung vum Chômage an och besonnesch dem Jugendchômage ugeet.

Mir brauchen nei Modeller fir d’Leit efficace opzefänken a weiderzebilden, fir se um éischten Aarbechtsmaart ze halen.

Mir brauchen Initiativen a Mesuren déi gräife fir de Laangzäitchômage ze bekämpfen.

An dësem Kontext stellen déi nei Mesuren, déi den Aarbechtsminister am Beräich vun der Aide au Réemploi geholl huet eng kloer Précarisatioun, eng äusserst schwéier Situatioun, fir déi concernéiert Salariéen an hier Famillen duer.

Den LCGB fuerdert ganz kloer, dass dës Mesuren zeréckgeholl ginn.

Si notze kengem, ewéi nëmmen dem Staatsbeidel an dat ass an dëser Situatioun komplett onzoulässeg.

Mir brauche vill méi Mesuren, déi d’Leit opfänken an hinnen eng nei Chance ginn, een neie Start an d’Beruffsliewen am Fall wou se vum Chômage betraff sinn.

Den LCGB fuerdert weiderhin d’Entwécklung vun engem Modell, deen d’Existenze vun de Salariéen an hire Famillen ofséchert.

Ee Modell, deen déi Prinzipien, déi mat groussem Succès an der Siderurgie entwéckelt gi sinn och op aanner Secteure vun der Ekonomie adaptéiert.

Esou eng Approche ass ëmsou méi noutwendeg, wann een dovunner ausgeet, datt d’Mutatioun vun eiser Aarbechtswelt duerch den technologesche Wandel nach méi séier wäert ginn.

Dobäi ass d’Stéchwuert Digitalisatioun nëmmen en Sammelbegrëff fir den déifgreifenden technologeschen Ëmbroch ze ëmschreiwen, deen net nëmmen d’Aarbecht mee eist Zesummeliewen insgesamt wäert veränneren.

Dëse Prozess huet spéitstens mat der Aféierung vum PC Ufanks vun den 80er Joren agesat an trëtt duerch déi digital Vernetzung mat hiren neien technologesche Méiglechkeeten an eng nei Phase eran.

Verschidde Funktiounen an Aarbechtsplaze wäerten duerch dëse Prozess grondleeënd verännert ginn, aanner Funktioune riskéiere komplett ze verschwannen, respektiv wäerten och eng Rei vun neie Funktiounen entstoen.

Net alles ass zu dësem Moment scho previsibel, allerdéngs ass et kloer, datt deen eenzele Salarié deem gréissten Defi wäert ausgesat ginn.

Nämlech deem, seng Beschäftegungsfähegkeet ze erhalen an sech also dëser grondleeënder Verännerung unzepassen.

Dofir verlaange mir vun eiser Regierung, datt se schnellstens Äntwerte gëtt op déi Froen, déi esou eng déifgreifend Mutatioun fir d’Salariéen no sech zitt.

Annerhalleft Joer nodeems den Här Rifkin seng Etude ugekënnegt huet, hu mir elo eemol en Aarbechtsgrupp hei am Land agesat.

Et ass ze hoffen, dass mir ganz schnell konkret ginn, soss hu mir am Endeffekt déi 3. Industriell Revolutioun verschlof.

Als Konsequenz fuerdert den LCGB am Kontext vun der Digitalisatioun datt mir en neit, besser adaptéiert Aarbechtsrecht fir dëst 21. Joerhonnert kréien.

Den LCGB fuerdert kloer gesetzlech Grondlagen, fir datt och an dësem Joerhonnert den CDI, den onbefristeten Aarbechtsvertrag, d’Basis vun eisem Aarbechtsrecht duerstellt.

Mir mussen eng Prekariséierung vun der Aarbecht verhënneren, also muss och de befristeten Aarbechtsvertrag oder den Travail Interimaire d’Exceptioun an op déi Fäll beschränkt bleiwen, wou dat absolut noutwendeg ass.

Mir fuerdere kloer Richtlinnen déi de Salarié och am Fall vum Télétravail gutt ofsécheren.

Den LCGB fuerdert en Recht op Deelzäitaarbecht fir Salariéen, déi hier Kanner erzéie wëllen oder en Familljemember fleege mussen.

Als LCGB si mir iwwerzeegt, datt mir eng nei Approche zur Formation Continue brauchen.

Méi Formatioun sur le tas, a klengen Etappen an am Betrib fir deenen neien digitale Gegebenheete Rechnung ze droen.

Mir brauchen doriwwer eraus an den Betriber eng nei Approche, déi sécherstellt, datt d’Investitiounen an d’Personal, sief et um Niveau vun der Formatioun oder der Ergonomie vun den Aarbechtsplazen, dem Personal et erlaabt, sech mat ze entwéckelen an absolut verhënnert, datt grouss Deeler vun der Beleegschaft esou ewéi al Maschinne regelméisseg ausrangéiert ginn wann d’Technologie deen nächste Schrëtt no vir mëscht.

Mir brauchen also positiv Akzenter um Niveau vun der Personalpolitik an de Betriber.

A mir brauchen en verbesserte Kënnegungsschutz fir d’Salariéen an de Betriber deen ewéi gesot mat neien Modeller fir d’Existenzofsecherung am Fall vum Chômage muss begleet ginn.

Doriwwer eraus mussen och nei Forme vun der Preretraite Progressive entwéckelt ginn, fir dem Salarié en fléissenden Iwwergang vum Aarbechtsliewen an d’Rent ze erlaaben.

Dëst och fir den Transfert vun de Kompetenzen an de Betriber ze erméiglechen an de Salarié duerch een „Départ à la carte“ ze erlaben seng Liewensaarbechtszäit no sengem Besoin ze geréieren.

Den LCGB fuerdert also hei am Land e kloren Paradigmewiessel an der Regierungspolitik wat d’Sozial- a Beschäftegungspolitik ugeet.

Eng Politik déi kloer d’Interêt’en vum Salarié am Betrib, seng Rechter, seng sozial Ofsécherung erëm an de Mëttelpunkt stellt.

Esou eng Politik brauch awer och den Engagement vun de Patronen hei am Land.

D’Patronen, déi leider besonnesch wat hier Vertriedung d’UEL ugeet, dat soziaalt Element vun eiser Maartwirtschaft net méi wëlle gesinn.

Dobäi gëtt vun der UEL vergiess, datt och d’Patronat vun der sozialer Situatioun an der Kafkraaft hei am Land profitéiert.

Stabilitéit a soziale Fridde sinn hei am Land exemplaresch an konnten nëmmen duerch de Wëllen zum Kompromëss am Kader vun der nationaler Tripartite erreecht ginn.

D’Gewerkschafte konnten iwwert dëse Wee de soziale Fortschrëtt weiderdreiwen an e sozialen Niveau erreechen, fir dee mir am Ausland beneit ginn.

D’Patronat konnt vun engem staarke Wuesstem an engem sozial stabelen Ëmfeld profitéieren.

D’Regierung huet an all Situatioun d’Heft kloer an der Hand gehat a konnt Akzenter sëtzen an eng Regierungspolitik definéieren, déi duerch den Ausgläich vum ekonomeschem Wuesstem an der sozialer Ofsécherung an de leschte Joerzéngte beispilllos ass.

Kolleginnen a Kollegen,

Dës Regierung huet nun allerdéngs dësen Tripartitemodell net méi wëlles weider ze féieren.

Si gëtt dobäi ënnerstëtzt vun engem Patronat, dat sech net méi zu eisem Sozialmodell wëll bekennen an kloer a Fro stellt, ewéi d’UEL dat lescht Joer mat der Fuerderung fir aus dem Finanzement vun der Gesondheetskeess erauszeklammen, gemaach huet.

Den LCGB refuséiert all negativ Approche wat eise Sozialmodell ugeet.

Mir sinn als Land, als Ekonomie mat an duerch dëse Modell gewuess an hunn formidabel Erausfuerderunge gemeeschtert a brauchen eis fir dës Resultater net ze schummen an net ze verstoppen.

Den LCGB fuerdert an dësem Kontext eisen Tripartitesmodell nei ze beliewen, d’Regierung muss hei hier Responsabilitéit huelen.

Den LCGB fuerdert eng Ofsécherung vun der Kafkraaft vun de Salariéen a Rentner, net nëmmen duerch den Index oder den Ajustement vum Mindestloun an de Renten.

Mir fuerderen ee staarken Engagement vum Patronat, um Niveau vun de Verhandlunge vun de Kollektivverträg an hire Resultater.

Den LCGB fuerdert eng Remunératiounspolitik, déi op de Funktioune berout, déi d’Salariéen am Betrib ausüben, mir fuerderen dynamesch Remunératiounscarrièren an eng systematesch Bedeelegung un de Beneficer fir alleguerte Salariéen am Betrib.

Mir fuerdere ganz kloer hei am Land eng Kollektivvertragspolitik, déi et de Salariéen an hirer Famill erlaabt, dezent vun hirer Aarbecht kënnen ze liewen.

Dofir fuerdere mir als LCGB am Beräich vum Bus-Kollektivvertrag endlech substantiell Verbesserunge fir d’Chauffeuren net nëmmen am Beräich vun de Paie mee och an deenen aneren Aarbechtskonditiounen.

Et ass en Hohn an eng Schan, datt mir elo iwwer 3 Joer gebraucht hunn fir eng nei Pauseregelung an domadder méi eng flexibel Aarbechtszäitorganisatioun am Sënn vun de Chauffeuren ze fannen.

Eng Farce wann ee bedenkt, datt dës nei Regelung och de Betriber erlaabt, méi flexibel ze schaffen.

Den LCGB huet hei missen ewéi esou oft de Motor spillen an dëst obwuel an dësem Dossier d’Interêt’en vun de Betriber op mannst esou grouss ewéi d’Interêt’en vun de Chauffeure sinn.

Den LCGB fuerdert en Accord um Niveau vun der Stoltripartite, deen déi néideg Substanz huet, fir déi eenzel Siten an hier Aarbechtsplazen ofzesécheren.

Mir fuerderen Investitiounen an déi eenzel Installatiounen an d‘Fortbestoe vun engem Sozialmodell, deen all d‘Kriise Mustergülteg bewältegt huet doduerch datt hei d’Existenzen ofgeséchert konnte ginn.

Den LCGB fuerdert am Bankekollektivvertrag kloer Perspektive fir d’Employéen.

Ausserdeem stelle mir am Finanzsecteur en schläichende Sozialofbau duerch Outsourcing, Delokalisatioun a Précarisatioun vun den Aarbechtsrelatioune fest.

Dem LCGB seng Fuerderung, no enger neier Approche wat d’Existenzofsécherung vun de Salariéen ugeet, gëtt bei all neier Annonce vun engem Sozialplang an dësem Secteur ënnermauert.

Am Beräich vum Gesondheets- a soziale Secteur fuerdert den LCGB datt endlech Neel mat Käpp gemaach ginn.

Den LCGB fuerdert net méi an net manner wéi dat wat d‘Fonction Publique kritt huet elo och dem konventionéierte Secteur zou kommen lossen.

Diskussioune kënnen sech hei net an der Onendlechkeet verléieren esou datt déi schaffend Leit jorelaang op hier Opwäertung waarden an am Endeffekt d’Verléierer sinn.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Gewerkschaftsaarbecht muss sech natierlech och deenen neie Gegebenheeten upassen.

Digitalisatioun, d’Verännerung vun eiser Ekonomie, déi kontinuéierlech Adoptioun vun der Aarbechtswelt an den Aarbechtsplazen.

Alles dat bedéngt och, datt den LCGB sech kontinuéierlech muss a Fro stellen.

Mir maachen dat andeems mir nei Weeër wëlle goen.

Andeems mir nei Servicer a Prestatiounen ubidden.

Mir maachen dat mat enger jonker, dynamescher an héich motivéierter Equipe vu Gewerkschaftssekretären, mat exzellent forméierte Consultant’en an eisem Info-Center an engagéiertem administrativem Personal.

Mir maachen dat andeems mir eis natierlech och op deen neiste Stand vun der Technik setzen.

Net zuallerlescht realiséiere mir dat awer och duerch eisen Engagement all Dag fir Iech, fir Ären Interêt.

Wëll eppes huet fir eis net geännert an deene leschten 9 Joerzéngten.

Sief dat 1921 oder 2017.

Fir eis gehéiert „De Mënsch an de Mëttelpunkt“.

An dofir gëllt:

Vive den 1. Mee !

Vive den LCGB !

Merci fir Är Opmierksamkeet an ech wënschen Iech all nach e ganz flotten Dag hei zu Réimech.

 

 

 


Viewing all articles
Browse latest Browse all 5010

Trending Articles